D'US-amerikanesch Justiz huet den Album "One Upon A Time In Shaolin" verkaaft.

De New Yorker Investor Martin Shkreli hat den Album "Once Upon A Time In Shaolin" vun der Band Wu Tang Clan fir 2 Milliounen Dollar kaaft. Dat speziellt un dësem Album ass, datt et dëse just eemol op der Welt gëtt.

RTL

© AFP

Elo muss de Besëtzer awer wéinst Bedruch an de Prisong. D'New Yorker Police huet dofir matgedeelt, dass si de legendären Album verkaaft hunn, fir dem Shkreli seng Scholden ze bezuelen. U Wien a fir wéi vill den Album verkaaft ginn ass bléift awer ee Geheimnis.