Een "What's New"-Feed fir d'Streaming App ze verbesseren.

Nodeems Plattforme wéi TikTok, Instagram oder Facebook et scho méi laang hunn, huet d'Museksplattform Spotify och elo een "What's New"-Feed ugekënnegt.

Duerch dës Funktioun soll den User ëmmer rëm personaliséiert nei Lidder fanne kënnen. Doduerch probéiert Spotify nach méi genee op d'Wënsch vu senge Clienten anzegoen. Mam "What's New Feed probéiert Spotify dann och d'Notzer nach méi Zäit an hirer App ze behalen.