D'Single "Better Days" ass elo released ginn.

Nodeems de Sänger Dermot Kennedy mat der Single "Paradise" zesumme mat Meduza international an allen Charts ze fanne war, ass hien elo zeréck mat sengem neiste Lidd "Better Days".

D'Lidd soll de Fans d'Hoffnung ginn, datt ëmmer besser Zäite wäerte kommen.  D'Single ass dann och zweet Solo-Single am Singer- a Songwriter senger Karriär. Den Dermot Kennedy hofft, dass d'Lidd sech als Favorit op de Live-Concerten etabléiere wäert.