© Anna Webber / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
No 10 Joer Paus schafft d'Taylor Swift rëm zesumme mam Ed Sheeran.
Déi amerikanesch Sängerin Taylor Swift huet an engem Interview verroden, dass hat op sengem nächsten Album wäert mam Ed Sheeran zesummeschaffen.
Di zwee Museker hate scho virun 10 Joer zesummegeschafft. Elo hunn si d'Single "Everything Has Changed" released. Um Album wäert dann nach d'Lidd "Run" zesumme mam englesche Sänger mat drop sinn.