Dat huet de Rapper elo via Instagram matgedeelt.

Och wa säi Video "Montero (Call Me By Your Name)" iwwert eng Millioun Dislikes krut, ass en ouni Fro immens beléift. Dat gesäit een elo mat sengem neien Rekord.

Ganzer 52 Milliounen Leit zielen zu dem Lil Nas X sengen "monthly listeners". Domat huet den Lil Nas X dann elo de Rapper Da Baby vum Troun gestouss. D'Freed ass natierlech grouss beim Lil Nas. An, et schéngt wéi wann e seng Fans dann och nach weider beloune wëll: "Announcement coming soon" schreift de Rapper nach zum Schluss op sengem Post bei Instagram. Villäicht gëtt et also nach eng nei Single deemnächst, oder soss ee klenge Kaddo fir seng trei Follower.