Fir 100.000 € kann een sech een Dinner zesumme mam Sänger vu Rammstein zu Moskau kafen.

De Rammstein Sänger Till Lindemann huet elo ugekënnegt, dass een als Fan d'Chance kann hunn mat him zesummen zu Moskau iessen ze goen.

Dat ganzt gëtt mat NFT Token bezuelt, déi ee ka kafen a mat deenen een d'Rechter fir verschiddene Contenu ka kafen. Fir den Dinner mam Sänger muss een dann awer mol knapp 100.000€ an NFT Token kafen. Dat gëtt also keen esou ee ganz bëllegen Owend.