© Steven FERDMAN / AFP
Beim Lizzo senger neier Single "Rumors" schafft d'Sängerin zesumme mam Cardi B.
D'Single "Rumors" ass déi éischte Single säit dem Joer 2019 déi déi amerikanesch Sängerin a Rapperin Lizzo erausbruecht huet. An dësem Lidd huet sech d'Lizzo dann och Ënnerstëtzung vum Cardi B geholl.
An der Single sangen déi zwou Sängerinnen doriwwer, wat si vu Gerüchter halen a wéi een am beschten domadder ëmgeet.