D'Frontsängerin vun der däitscher Band "Jennifer Rostock" ass elo als Solokënschtlerin ënnerwee.

Ganz spontan ass d'Sängerin vun der Band "Jennifer Rostock" elo als Solokënschtlerin duerchgestart. 
Op der Sängerin hirem privaten Instagram Account, deen eréischt viru 6 Deeg online gaangen ass, hat d'Sängerin ugekënnegt, dass een neit Lidd géif erauskommen.

D'Sängerin ass lo ënnert dem Numm "Yaenniver" mat der Single "Intro" zeréck. Doduerch huet d'Musekerin sech komplett nei opgestallt. Mam Lidd well d'Yaenniver weisen, dass et him egal ass wat déi aner Léit vun him denken.