© Youtube screenshot
Mat der Single "Viel Zu Tun" hunn sech den Gentleman an d'Nura zesummegedoen.
Nodeems de Reggae Sänger Gentleman an d'Rapperin Nura allen zwee an der Sendung "Sing meinen Song - Das Tauschkonzert" opgetruede sinn, hunn si elo eng Single zesummen erausbruecht.
D'Lidd "Viel Zu Tun" soll eng summerlech Single sinn, déi dem Nolauschterer gutt Laun soll ginn. D'Lidd ass dann och um Nura sengem Album "Auf der Suche" mat drop, deen den 20. August wäert erauskommen.