© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archives/KEVIN WINTER
De brittesche Sänger Elton John ass ganz spontan an engem Restaurant zu Cannes opgetrueden.
Nodeems de Sir Elton John wärend dem Lockdown mat der Sängerin Dua Lipa eng Single zesumme produzéiert huet, ass dës elo released ginn.
Een Dag noom Release huet den Elton John zu Canne an engem Restaurant ganz spontan d'Single "Cold Heart" live gesongen. Dat war warscheinlech fir d'Visiteure vum Restaurant ee ganz spezielle Moment.