De Rapper Haftbefehl huet säin eegenen Ice-Tea erausbruecht.

Nodeems de Captial Bra schonn en eege Pizza an een Ice-Tea mam Numm "Bra-Tee" erausbruecht huet, sinn elo d'Shirin David an den Haftbefehl nogezunn. Alleng am Joer 2020 huet de Rapper Capital Bra 6 Milliounen Ice-Tea verkaaft.

Elo wellen d'Shirin David an den Haftbefel och een Deel vum Ice-Tea-Kuch ofkréien. Sie hunn elo allen zwee hiren eegenen Ice-Tea erausbruecht, ënnert den Nimm "Dir-Tea" an "HafTea".