© AFP/ANGELA WEISS
De brittesche Sänger huet nei Musek ugekënnegt.
Den 30-Järege brittesche Sänger Ed Sheeran huet op sengem Instagram-Account eng Foto gepost mat der Ënnerschrëft: "Announcement tomorrow, 2 p.m. U.K. Time".
No senger leschter Single "Bad Habits" kéint et also sinn, dass hien elo endlech säin nächsten Album ugekënnegt, dee fir 2021 geplangt war. Den Ed Sheeran wäert dann alles muer a sengem Livestream op Instagram verroden.