Den 29. Oktober kënnt den Album "Equals" vum Ed Sheeran eraus.

Wei den Ed Sheeran an engem Interview gesot huet, huet hien elo scho 4 Joer u sengem neien Album "Equals" geschafft.

Elo huet de brittesche Sänger op Instagram dann endlech de Release-Datum fir säin Album ugekënnegt. Dëse kënnt den 29. Oktober 2021 eraus. Um Album wäert de Museker Léift, Trauer a Verloschter verschaffen. Déi éischt Single "Visiting Hours" ass dann awer schonn gëschter erauskomm.