Dëst wäert de leschten Album zesumme mam Label TDE sinn.

De Rapper Kendrick Lamar huet am Joer 2017 säi leschten Datum released. Elo sot hien awer dass hien amgaang wier un engem neien Album ze schaffen.

Dëse soll dann säi leschten ALbum zesumme mam Label TDE sinn, mat dem hie bis elo all seng Alben erausbruecht huet.

Op Instagram huet de Rapper ee Link op d'Seit oklama.com gedeelt. Wann een op de Link klickt kennt een op eng Säit mat engem eenzegen Dossier deen "nu thoughts" heescht. Dorënner fënnt een dann ee Statement vum Kendrick Lamar.