© Eldoradio
Sheebaba an The Cookie Jar Complot hunn gëschter hiren éischte Concert op de Congés Annulés gespillt.
Am Kader vum Festival "Congés Annulés" an de Rotondes an der Staat hunn déi 2 lëtzebuergesch Gruppen Sheebaba an The Cookie Jar Complot hiren éischte Concert gespillt.
Déi zwou Museksgruppen hunn definitiv eng gutt Performance ofgeliwwert an d'Leit ware begeeschtert. De weidere war de Concert och wierklech gutt besicht, wat een och bei der Stëmmung vum Publikum gemierkt huet.
Wärend de Virbereedungen an de Concerte ware mir mat de Museksgruppen ënnerwee an hunn si bësse verfollegt agekukt wéi een sech op esou een éischte Concert virbereet.