© AFP/Archives/Pablo PORCIUNCULA
Dem Rolling Stones-Drummer säin Agent huet d'Nouvelle en Dënschdeg den Owend confirméiert.
D'Trauer an der Musekswelt, a bei de Fans vun der legendärer Band "The Rolling Stones" ass grouss. Den Drummer vun de Stones, den Charlie Watts ass dout. Bal 60 Joer laang war hien de Mann hannert der Batterie. Hie gëtt och nach als den "Gentleman" ënnert den Drummer bezeechent. Oder och als Réckrgad vun senger Band.
Wéi et an engem Communiqué heescht, wier den Charlie Watts friddlech an der Presenz vu senger Famill an engem Londoner Spidol gestuerwen. Den Drummer ass 80 Joer al ginn a wäert als Mann, Papp a Grousspapp vu senger Famill vermësst ginn. Dobäi ass hien ee vun deene beschten Drummer vu senger Generatioun, esou säin Agent weider. Ugangs August hat den Charlie Watts annoncéiert dass hie bei der US-Tour vun de Rolling Stones aus gesondheetleche Grënn net matmaache kéint.
Mat engem ganz einfachen Drumset an ouni vill Ophiewes huet de Britt Grousses vollbruecht.