© pexels.com
D'Cover Foto vum 1991 Album "Nevermind" weist de plakege Baby Spencer Elden. Deen huet elo 20 Joer dono d'Band dowéinst verklot...
Ewéi de Spencer Elden selwer seet huet hien ëmmer nach mat de Konsequenze vun dëser Foto ze kämpfen. Dowéinst huet hien dann elo d'Band Nirvana an och d'Designere vum Cover wéinst kommerzieller sexueller Ausnotzung verklot. Am Fall sinn och Wieder ewéi Kannerpornografie gefall...
Weder de Spencer selwer, nach seng Elteren hunn, hiren Aussoen no, jee eppes ënnerschriwwen datt engem d'Recht ginn hätt de Puppelche plakeg ze weisen. Des Weidere soll de Spencer och ni Kompensatioun fir di kommerziell Notzung vu senger Foto kritt hunn.
Wéi de mëttlerweil 30 Joer ale Mann seet, wier et him onangeneem datt all Mënsch säi Penis gesinn huet, wéi hien nach e klenge Bouf war.
Bis ewell huet sech nach kee vun der Band zu der Uklo geäussert.