Last Summer Dance 2019 / © Sam Flammang
Vum 26. bis den 28. August fënnt zu Ierpeldéng am Schlasspark déi 7. Editioun vum Last Summer Dance Festival statt!
De Last Summer Dance Festival ass ee Mix aus Concerten, Konscht an Atelieren a bréngt jonk lëtzebuergesch an international KënschtlerInnen zesummen. Um musikalesche Programm stinn déi nächst Deeg ënnert anerem d'Æm, den Josh Island, den CHAiLD, d'Hannah Ida, Le Vibe oder Dessy Mesk.
Hei den Iwwerbléck iwwert de ganze Line-Up:
D'Konscht-Ausstellung vum Last Summer Dance leeft dëst Joer ënnert dem Thema "(Re)connecting"! Hei wäerten d'Wierker vun 9 ausgewielten ArtistInnen als Poster um Festival-Site ausgestallt ginn.
Last Summer Dance 2019 / © Sam Flammang
Donieft gëtt freides owes zum Beispill och e Live-Painting vum Alain Welter gebueden. Oder et kann ee seng eegen T-Shirts mat an de Siebdruck-Workshop bréngen an do e gratis Drock dropgemaach kréien.
Séchert iech hei är Ticketen fir d'Editioun 2021 vum Last Summer Dance Festival!