Am fall ass hei seng Hit-Single "Good 4 U".

Scho méi laang ass gewosst, dass d'Hayley Williams, Sängerin vun der Band Paramore ee grousst Virbild vum Olivia Rodrigo ass. Wien d'Band nach gutt kennt, huet bei besonnesch engem Lidd wuel ee klenge Throwback erlieft. Dem Olivia seng Single "Good 4 U" erënnert ganz staark un d'Musek vun der Band, do ganz besonnesch d'Lidd "Misery Business" aus dem Joer 2007.

Elo goufen d'Hayley Williams an den Ex-Gitarist Josh Farro als Co-Writers bei "Good 4 U" bäigesat. Obwuel dem Olivia Rodrigo seng Spriecher kee Kommentar zu der ganzer Saach wollten ofginn, wier d'Ernimmung dobäigesat ginn well et sech ëm eng "Interpolation" handele géing bei "Good 4 U". Dat ass, wann een en Ausschnëtt aus engem Lidd, dat schonn existéiert eraus hëlt, nei ophëlt an dann an een anert Lidd abaut.

Doduerch, dass d'Olivia Rodrigo elo déi zwee Kënschtler bäigesat huet als Co-Verfaasser vu sengem Hit, kann et virun allem evitéiere viru Geriicht Problemer ze kréien. A wahrscheinlech kënnt dann och nach dobäi, dass d'Olivia wuel kaum Sträit wollt kréie mam Hayley Williams, dat jo eent vu senge grousse Virbiller ass. Et ass dann och fir d'Zweet, dass d'Olivia ee Kënschtler nodréiglech bäigefüügt huet. Bei der Single "Déja Vu" gouf d'Taylor Swift nodeems den Album dobausse war bäigeschriwwen.