© Theo Wargo / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Dat hunn eng ganz Partie vun däitsche Chart-Statistike gewisen.
Et ass ëmmer nees eng vun de Froe vum Summer: wéi ee Lidd war dann elo den offizielle Soundtrack vun der waarmer Summerzäit. An Däitschland goufen elo schonn d'Statistiken aus den Charts analyséiert. An d'Resultat ass dann och do: den Ed Sheeran huet mat senger Single "Bad Habits" sech den Titel vum "Summerhit 2021" geschnaapt.
An et wier een och guer net verwonnert driwwer, dass et grad dat Lidd ginn ass. Et wier een ongewinnte Summer gewiescht mat villen Héichten an Déiften. Dëse Summer huet eis mat extreme Wiederlagen, Onsécherheeten duerch d'Pandemie oder och dem Konflikt an Afghanistan beschäftegt.
A wat seet de Chris aus der Museksredaktioun zum Summerhit 2021?
"Am Ufank war ech ganz éierlech gesot skeptesch. Virun allem hunn ech d'Produktioun vun der Stëmm net immens gutt fonnt, et erkennt een den Ed Sheeran nämlech bal net erëm. Um Enn hu mech awer d'Melodie an d'Energie vu Bad Habits iwwerzeegt. De Song rappt mat, stécht un a verbreet ganz douce, lässeg a charmant Summer-Vibes ."