© AFP/File/Johannes EISELE
Fir d'Rentrée gëtt et dann och dem Lil Nas X säin Debüt-Album ze genéissen.
D'Fans vum amerikanesche Rapper Lil Nas X, dierfe sech ganz besonnesch op de September freeën. De Grond? Den offizielle Release-Datum vu sengem Debüt-Album ass elo no laangem Waarden endlech gewosst.
Wéi den 22-Joer ale Kënschtler elo via Twitter matgedeelt huet, wäert säin Album "Montero" elo de 17. September 2021 ganz offiziell dobausse sinn. Fir de Lil Nas X wier et wéi eng Therapie gewiescht den Album ze schreiwen. "Ech hunn et opginn ze versichen ze kontrolléiere wéi d'Leit mech gesinn. Mer ass bewosst ginn, dass déi eenzeg Meenung iwwert mech, déi zielt, meng eegen ass."
Am Post op Twitter ass dann och nach ee Video dobäi gewiescht an dem een de Lil Nas X als futuristeschen Nochrichtespriecher gesäit. Do seet de Lil Nas X mat ganz vill Witz an Ironie säi neien Album un, an nennt sech selwer een "talentlose schwule Rapper". Esou kann een och den domme Kommentarer virgräifen.