© pexels.com
Nieft enger neier Single gouf elo dann och nach direkt een neien Album ugekënnegt.
Dopamin ass jo ee Gléckshormon. A wat mécht eis och glécklech? Nei a gutt Musek! Ma genee dat wollt Purple Disco Machine senge Fans elo um Freide mat op de Wee ginn. Dofir huet den Dresdner Produzent elo zesumme mat der Sängerin Eyelar seng nei Single "Dopamine" eraus bruecht.
Ma domat net genuch: eng extra Dosis Happiness gëtt et dann direkt uewen drop. Purple Disco Machine huet elo ugekënnegt, dass am Oktober säin zweeten Album "Exotica" soll erauskommen. Déi aktuell Single ass dann déi fënneft an och lescht Single-Auskopplung aus dem neie Longplayer. Fir all d'Fans gëllt et sech dann do de 15. Oktober am Kalenner grouss rout ze markéieren.