© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/File/EZRA SHAW
Nodeems säin Album e puer Mol no hanne verréckelt ginn ass, huet säi Manager Bu Thiam elo op Instagram de Release offiziell confirméiert.
D'Waarden huet en Enn. Zwee Deeg no senger drëtter "Listening-Party", op der ënner anerem d'Kim Kardashian am Brautkleed matgespillt huet, ass den 10. Studio-Album elo verëffentlecht ginn.
De Release ass duerch een Instapost vum West sengem Manager de Bu Thiam bekannt ginn.
Den Album ëmfaasst ganzer 27 Lidder mat enger Spillzäit vun enger Stonn an 48 Minutten.
Dir kënnt den Album ab elo op allen Plattformen, wéi zum Beispill Spotify, fannen.