Op Tik Tok ass elo ee Snippet mat neier Musek vun der Band opgetaucht.

De Sänger vun der Metal Band "Bring Me The Horizon" huet op sengem Tik Tok Account ee klenge Video eropgelueden, an dem een ee Snippet vun engem neie Song héiert.

An engem Interview hunn d'Museker vun der Band verroden, dass si no hirem leschten Album aus dem Joer 2020 och scho rëm amgaang wieren u neiem Material ze schaffen. Si géifen hoffen, dass si déi nei Lidder sou séier wéi méiglech release kéinten.

Op a wéini elo e neien Album erauskënnt, ass awer nach net gewosst.