Nodeems de Rapper The Weekend wärend der Halftime-Show beim Super Bowl opgetrueden ass, kënnt elo eng Dokumentatioun iwwert de Concert eraus.

Wien sech schonn ëmmer gefrot huet, wéi ee riese Concert hannert de Kulissen ausgesäit, dee kann dat elo mam The Weekend senger neier Dokumentatioun maachen.

Nodeems de Sänger an der Halftime-Show vum Super Bowl am Joer 2021opgetruede war, bréngt hien de 24. ee klenge Film iwwer d'Preparatioune vun dëser Show eraus.

De Sänger soot, dass et een immensen Opwand war fir dëse Concert ze organiséieren an et huet hien selwer 7 Milliounen Dollar kascht dësen ze maachen. Net nëmmen de Super Bowl sëlwer huet hien nervös gemaach mee och déi vill Covid-Reegelen, déi de Sänger huet missen anhalen.