De weltberüümte Leefer Usain Bolt huet seng Lafschong un de Nol gehaangen a mécht elo Musek.

Den Usain Bolt kennt warscheinlech jiddereen als Leefer. Allerdéngs huet de Sprinter elo seng Lafkarriär un de Nol gehaangen an huet een neien Hobby fonnt.

No enger Rei Weltrekorder am Lafe probéiert den Usain Bolt sech elo un der Reggae-Musek. Elo huet hien dann och seng éischte Single "It's a Party" released. Den 3. September soll dann och säin Debut-Album "Country Yutes" erauskommen. villäicht brécht hie jo och elo puer Rekorder mat der Musek.