Déi lëtzebuergesch Band DRIFE huet dëse Freiden hir alleréischt EP mam Titel "On My Mind" erausbruecht!

DRIFE bezeechnen sech selwer als Indie- & Alternative-Band. An hirer Musek fënnt ee méi roueg Lidder, awer och dynamesch Tracks mat Tempo-Wiessel an haarde Gittaren. Och wann et wéi an all Band reegelméisseg Diskussioune ginn, leeft et bei DRIFE meeschtens ganz harmonesch of.

De Jeff iwwert d'Zesummenaarbecht vun der Band!

E Freiden hunn déi 6 Museker (Jeff Perty, Patrice Petry, Bruno Venâncio, Michel Schumann, Lex Schaul & David Li) hir Debut-EP an déi passend Single mam Titel "On My Mind" erausbruecht. Op deene 5 Tracks behandelen si aktuell Themen ewéi Rassismus an déi mental Gesondheet.

De Jeff iwwert déi nei Single "On My Mind"!

DRIFE freeën sech dann och hir nei EP live virzestellen. De 17. September feiere si zu Veianen am Ancien Cinema hir grouss Release-Show! Ticketen ginn et bei der Band selwer. Dir kënnt si via Facebook an Instagram per Mail (contact@drife.lu) uschreiwen.

De Jeff iwwert hir Release Show zu Veianen!
RTL

© Bruno Venâncio & Jérôme Boor