D'Amii Watson huet seng neiste Single "Pink Skies" erausbruecht.

Nodeems d'Amii Watson schon op immens ville Platzen opgeluecht huet, huet hat elo seng neiste Single "Pink Skies" released. D'Single soll beschreiwen, wéi een sech an enger Bezéiung géigesäiteg ka pushen an zesumme wuesse kann. Et ass ee relaxen Tech-House Track, op deen d'Amii de Gesang selwer agesongen huet.

Wien d'Amii Watson well live gesinn, dee kann dat ënnert anerem um Pond Eclectic an um LOA Festival live erliewen.