D'Kult-Band ABBA hun hier neiste Singlen "Don't Shut Me Down" an "I Still Have Faith In You" released.

Bal 40 Joer nodeems ABBA hier gréissten Hits wéi "Dancing Queen"  oder "The Winner Takes It All" released hunn, sinn si elo mat ganz neier an aktueller Musek zeréck.
Déi 4 Museker hunn elo ugekënnegt dass si een neien Album erausbréngen an och eng Welttournée maachen. Déi éischt zwee Lidder aus dem Album sinn dann elo mat "Don't Shut Me Down" an "I Still Have Faith In You" erauskomm a klénge genau esou, wéi een et vun ABBA Gewinnt ass. Et géif een net soen dass do dertëschent 40 Joer géife léien.