Den däitsche Museker huet eng 15 Minutte laang Dokumentatioun iwwert d'Geschicht vum neie Song released.

Nodeems virun e puer Deeg dem Nico Santos seng neiste Single "End of Summer" erauskomm ass, huet hien elo eng Dokumentatioun released, an der hien erkläert, wéi de Song entstanen ass a mat d'Geschicht hannendrun ass.

Wärend dem 15 Minutte laange Film gesäit een da wéi de Nico Santos d'Single zesumme mat senger Famill opgeholl huet. Mat bedeelegt waren nämlech seng Schwëster um Backroundgesang, seng Mam mat der Gittar a säi Papp mat der Panflütte.

Hien erkläert och wéi wichteg him seng Famill ass a wéi hien dat genéisst Zäit mat hinnen ze verbréngen. Et ass also eng ganz emotional Single fir de Museker.