E Freideg hunn TUYS hir nei Single "Muddy Beach" erausbruecht. Mir konnten d'Single schonn en Donneschden Owend am labbere Feierowend exklusiv virstellen!

Iwwert déi nächst zwee Méint spillen TUYS eng ganz Partie Concerten queesch duerch Europa. En Donneschden hu si den Optakt vun hirer Autumn Tour zu Antwerpe gefeiert. D'Band freet sech endlech och erëm virun internationalem Public ze spillen. Donieft goufe mir gewuer, dass si am Fong kee richtegt Ritual méi virun hire Concerten hunn...

Den Tun iwwert hir Autumn-Tour an d'Ritual virun engem Concert!
RTL

© Pit Reding, Laurent Patz

Am Eldo-Interview huet den Tun awer och iwwert hir nei Single "Muddy Beach" geschwat:

Den Tun iwwert d'Thematik an de Sound vu "Muddy Beach"!

TUYS hunn iwweregens de ganzen August am Studio verbruecht. Deen neien Album ass dann och scho fäerdeg a soll d'nächst Joer am Fréijoer erauskommen!

Hei fannt dir de ganzen Iwwerbléck iwwert d'Autumn- an d'UK-Tour:

RTL

TUYS Autumn Tour

RTL

TUYS UK Tour 2022