Et kënnt ee neien Album vum däitsche Rapper, allerdéngs net ganz mateneen.

Den däitsche Rapper Apache 207 huet een neien Album ugekënnegt. Den Album mam Numm "2sad2disco" kennt allerdéngs net an enger Kéier eraus.

De Longplayer ass a 4 Deeler opgedeelt, déi allkéiers 3 Lidder beinhalten. Den éischten Deel ass dann och scho mat Lidder wéi "2sad2disco" "So weit" oder och nach "Weisses Kleid" released ginn.

Déi nächst Deeler wäerten dann den 1. Oktober, 5. November an 2. Dezember erauskommen. Ee weidere Funfact ass dann och, dass fir all Deel ee Museksvideo wäert erauskommen, déi dann nom leschte Kapitel ee Film erginn.