Dem Drake säin neien Album "Certified Lover Boy" kënnt immens gutt bei de Fans un.

Nodeems dem Drake säin aktuellen Album "Certified Lover Boy" leschte Freideg erauskomm ass, huet de Rapper lo schonn déi éischt Weltrekorder gebrach. Den Album mat deenen 21 Lidder ass esou gutt bäi de Fans ukomm, dass en op Spotify no 24 Stonne schonn 170 Millioune mol gestreamt gouf.

Domadder brécht hien säin eegene Rekord vu sengem leschten Album "Scorpion" aus dem Joer 2018, dee "nëmmen" 132 Millioune mol an engem Dag gestreamt gouf.