Sportfreunde Stiller wäerten d'nächst Joer um Festival am der Eifel spillen.

Vue dass de Rock am Ring Festival leider déi lescht zwee Joer net konnt stattfannen, hoffen d'Organisateuren awer op d'Joer 2022. Vill Band sinn dann och schonn ugekënnegt. Elo hunn si dann nach d'Sportfreunde Stiller gebucht. Déi Band ka wierklech soen, dass de Rock am Ring eppes wéi hier Stuff ass, vue dass si elo schonn 9 mol do opgetruede sinn. 2022 wäert dann den 10. Jubiläum fir d'Band um Festival sinn.