"die beste Band der Welt" sin zeréck mat rockeger Single.

Déi Berliner Band "die Ärzte" hunn hier éischt Single vum neien Album "Dunkel" released. D'Single "Noise" gouf vum Bela B an dem Farin Urlaub geschriwwen an ass erëm bësse méi rockeg.

Domat wëllen d'Museker weisen, dass d'Punk Musek nach net dout ass. Den neien Album soll dann de 24. September erauskommen an et sollen 19 Lidder mat drop sin.

Een Detail misst all Ärzte-Fan dann och opfalen, an zwar huet den Drummer vun den Toten Hosen ee klengen Optrëtt am Museksvideo.