"Vultures" esou héscht déi ganz nei Single vun der Band Dontnod.

Nodeems déi lëtzebuergesch Rockband "Dontnod" am Juni hier Debut-Single "Breaking Back" erausbruecht haten, hunn si elo hier zweet Single "Vultures" released.

D'Band probéiert mat hirer Musek eng Mëschung aus de "Beastie Boys" an "Rage against the Machine" ze kreéieren. Enn 2022 kenne mer eis dann och nach op eng EP vun der Band freeën.