D'K-Pop Band wäert eng nei Single zesumme mat Coldplay erausbréngen.

Nodeems BTS am Juli hier Nummer 1 Single "Permission to Dance" erausbruecht haten, hunn déi 7 Museker an engem Interview ugekënnegt, dass si de 24. September hier nei Single "My Universe" wäerten erausbréngen.

D'Single gouf zesumme mat der brittescher Band Coldplay produzéiert, vun deene BTS grouss Fans sinn. Beim MTV Unplugged Concert hate BTS och schonn e Coldplay Song "Fix You" gecovered.