Den däitsche Rapper huet déi éischt Single vu sengem neien Album released.

Nodeems de Casper virun e puer Deeg seng nei Tour ugekënnegt huet, mat der hien ënnert anerem hei zu Lëtzebuerg am Atelier wäert optrieden, gett et dann och lo endlech nei Musek vum Museker.

D'Single "Alles War Schön Und Nichts Tat Weh" ass déi éischt Auskopplung vum neien Album, deen den 25. Februar 2022 wäert erauskommen. D'Single ass awer bëssen anescht, wéi een dat vum Capser gewinnt ass. Manner rau awer trotzdem mam Sänger senger markanter Stëmm.