Den Drake wéisst der Musekswelt grad, wéi een d'US Charts dominéiert.

Nodeems den amerikanesche Rapper Drake lescht Woch säin neien Album "Certified Lover Boy" released hat, huet hie mat dësem elo schonn dee nächste Rekord opgestallt.

An zwar ass den Drake am Moment an den Top 10 vun den US-Charts ganzer 9 mol vertrueden. Just den Justin Bieber huet sech mat senger Single "Stay" nach op d'Platz 6 gedréckt. Domat huet den Drake dann och dem Michael Jackson säi Rekord vu 7 Singlen (Album Thriller) an den Top 10 gebrach.