Eng ganz extra Kassette geet an de Verkaf.

Zu Kopenhagen soll den 28. September eng ganz speziell Kassette vun der Beatles-Legend John Lennon bäi enger Auktioun ënnert den Hummer kommen.

Op der Kassette sollen dann ongeféier 33-Minutte Musek drop sinn. Dorënner dann och d'Lidd  "Radio Peace" vum John Lennon, wat bis elo nach net verëffentlecht ginn ass. D'Opname sollen dann aus dem Wanter 1969/70 sinn, wéi den John Lennon mat senger Fra an Dänemark an der Vakanz war.

De Präis soll dann tëschent 27.000 a 40.000 € leien.