Anscheinend sollen d'Äsche vun engem Tiësto-Fan per Konfettikanoun verschoss gi sinn.

De Liam an de Ryan Millen haten sech Tickets fir de Creamfields-Festival an England kaaft. Eigentlech sollt och hire Cousin matgoen. Dësen ass leider virum Festival gestuerwen a konnt eben net méi matgoen.

Vue dass hien awer ee groussen Tiësto-Fan war, huet dem Verstuerwenem säi Papp deenen 2 Jongen ee Päckche mat den Äsche vum Jong matginn. Hien huet sech gewënscht, dass de Liam an de Ryan dës per Konfettikanoun um Festival versteeë sollten. Den Tiësto huet awer behaapt dass des Aktioun ni stattfonnt sollt hunn.