De brittesche Sänger muss leider seng Concerte fir dëst Joer ofsoen an op 2023 verréckelen.

Eigentlech sollt de 74-Järege Sänger Elton John dëst Joer op Europa-Tour goen. Leider huet de Museker sech un der Heft verletzt, an huet dofir missen seng Concerten all ofsoen. Den Dokter hätt him gesot, hie soll sech léiwer schounen, fir rëm méi séier fit ze ginn.

Net esou flott ass dat fir d'Fans déi elo scho säit 2018 op d'Concerte vum Elton John waarden. Bis elo goufen se ëmmer wéinst der Corona Pandemie verluescht.

Déi nei Datumer sinn:

24. Abrëll 2023 - Olympiahalle München

2./4./5./ Mee 2023 - Barclaycard Arena Hamburg

8./10./11. Mee 2023 - Mercedes Benz Arena Berlin

13. Mee 2023 - SAP Arena Mannheim

16./18./19. Mee - Lanxess Arena Köln

25./27./28. Juni - Accor Arena Paräis