D'Organisateuren vum Festival hunn déi éischt Nimm fir d'Winter-Edition released.

Normalerweis kennt een den Tomorrowland-Festival jo als Summer-Editioun zu Boom an der Belsch. Elo hu d'Organisateuren fir déi zweet Editioun vun der Winter-Edition déi éischt Nimm released. Mat dobäi sinn ënner anerem den Afrojack, Armin van Buuren, Dimitri Vegas & Like Mike, Kungs, Paul Kalkbrenner a vill weiderer.

De Festival wäert vum 19.-26. Mäerz 2022 op der Alpe d'Huez a Frankräich stattfannen.
De 25. September kommen dann och d'Tickets an de Verkaf.
Hei gëllt et dann wéi ëmmer: séier sinn!