De brittesche Sänger geet mat sengem neien Album och rëm op Tour.

Den Ed Sheeran huet op de soziale Medien an op senger Homepage ugekënnegt, dass hien d'nächst Joer 27 Concerte wärend senger UK & Europatournée wäert spillen.

Niewent Concerten an Irland an a Groussbritannien kënnt hien dann awer och fir e puer Concerten zimmlech no fir all seng lëtzebuergesch Fans.

7. Juli 2022 - Gelsenkirchen Veltins Arena

14./15. Juli 2022 - Amsterdam Johan Cruijiff ArenA

22. Juli 2022 - Bréissel King Boudouin Stadium

29. Juli 2022 - Paräis Stade de France

23. September 2022 - Frankfurt  Deutsche Bank Park

D'Tickete wäerten de 25. September 2021 ëm 10.00h an de Verkaf goen.