Déi lëtzebuergesch Reggae Band Le Vibe ass mat der Single Eudaemonia" zeréck.

Le Vibe ass eng lëtzebuergesch Reggae Band, déi aus 7 Museker besteet a sech a Lëtzebuerg schonn ee Numm gemaach hunn. Ënner anerem hunn si wärend de Concerten um Glacis als Virgrupp vum däitsche Reggae Museker Gentleman gespillt.

Elo sinn si zeréck mat hirer neister Single "Eudaemonia". D'Single soll beschreiwen, wéi een sech als Mënsch mat der Welt dobaussen kann arrangéieren. D'Wuert "Eudaemonia" bedeit op al-griichesch "Freed".