De Kampf em déi meescht verkaaften Alben ass lancéiert.

Och wann Streaming-Apps am Moment wierklech hiren Héischtpunkt erreecht hunn, ass de Verkaf vun Albe fir Museker och nach immens wichteg.

Hei huet sech lo eng Course tëschent dem Drake an dem Lil Nas X lancéiert, déi allen zwee an de leschte Wochen hiren neien Album released hunn. Dem Drake säin "Certified Lover Boy" ass an 3 Wochen 156.000 mol verkaaft ginn. Elo huet de Lil Nas X dann nach eng Woch Zäit fir dëse Rekord ze briechen. Am Moment steet hie bei ganz gudden 125.000 verkaaften Exemplaren. Et bléift also spannend wien sech dëse Rekord herno an d'Täsch stécht.