© Pexels
No sengem Prozess wéinst ënner anerem Vergewaltegung huet YouTube seng Videoen geläscht.
De Sänger R. Kelly stoung an deene leschte Woche viru Geriicht, wou hien a 9 Fäll schëlleg gesprach gouf. Ënner anerem war hie wéinst Vergewaltegung, sexueller Belästegung an Entféierung ugeklot.
Nodeems hien elo verurteelt ginn ass, huet d'Videoplattform YouTube ugekënnegt dass si all dem R. Kelly seng offiziell Profiller géife läschen.
YouTube erkläert sech esou, dass an hire Reegele steet, dass keen dierf Videoen eroplueden, dee viru Geriicht verurteelt ginn ass.