Den Drake an de Chris Brown sollen sech um Lidd "I Love Your Dress" vum Mr Cooper an Drum'n Skillz inspiréiert hunn.

Och wann den Drake am Moment mat Sécherheet a Gedanke bäi sengem aktuellen Album "Certified Lover Boy" ass, hunn den amerikanesche Rapper an de Chris Brown bësse Problemer mat engem Lidd aus dem Joer 2019.

Hei geet et em d'Lidd "No Guidance" bei dem sech déi zwee Museker anscheinend um Lidd "I Love Your Dress" vun de Museker Brandon Cooper an Timothy Valentine inspiréiert hunn. Si werfen dem Drake an dem Chris Brown elo vir, dass si de Copyright vum Track net respektéiert hätten. Eng Affaire à suivre.