Den Ex-Wrestler a Schauspiller geet elo och ënnert d'Museker!

Mat 49 Joer huet den Dwayne Johnson elo seng éischt Erfarungen als Museker gesammelt. Hien ass nämlech um Tech N9ne sengem neien Track "Face Off" als Feature-Gaascht mat dobäi. Déi Zwee hu sech virun e puer Joer um Set vum Film "Ballers" kennegeléiert a schaffen dann elo och musikalesch zesummen.

Den "The Rock" huet och verroden, dass hie scho vun e puer groussen Hip-Hop-Artiste gefrot gi wier fir eppes zesummen opzehuelen, mee et hätt sech bis elo nach ni richteg ugefillt. Ewéi den Tech him awer geschriwwen hätt, wousst hien dass et passe géif. Déi Zwee deelen nämlech déi selwecht Passioun an dee selwechten Asaz fir dat wat si maachen. "Face Off" ass e richtegen Energy-Boost, deen ee fir alleguer d'Aufgaben vum Liewe motivéiere soll.

Lauschtert dem Dwayne Johnson säi Part vun der Minutt 3:23 un: