Et ginn nei Informatiounen iwwert de Sound vum MGK sengem neien Album!

Nodeems de Machine Gun Kelly op sengem leschten Album "Tickets to my Downfall" komplett vu sengem Hip-Hop-Sound fortgaangen ass, an éischter Pop-Punk gemaach huet, ginn et elo Detailer iwwert den neien Album. "Born with Horns" soll deemno méi Gittar-lasteg ginn an déifgrënneg Lyrics enthalen, esou de Museker an der Show "Sunday Today with Willie Geist". Et wier musikalesch e komplette Kontrast zu deem leschte Wierk. Hien hätt mëttlerweil nämlech keng Angscht méi sech esou ze weisen ewéi hie wierklech ass an nei Sounds auszeprobéieren.

Donieft huet den Amerikaner och Uspillungen dorop gemaach, dass "Born With Horns" eventuell kéint op Neijoerschdag erauskommen. Am Fong war den Album scho fir August geplangt, hat awer misse verréckelt ginn. Freeë kënnen sech d'Fans dann och doriwwer, dass den Drummer a Produzent Travis Barker och beim neien Longplayer erëm wäert matwierken.

Hei schonn emol déi éischt Single-Auskopplung "papercuts":